De Kompetenzzenter fir d’Ënnerstëtzung vu Kanner a Jugendlechen mat enger Héichbegabung.

Wien si mir?
De Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat enger Héichbegabung (CEJHP), gegrënnt duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018, huet d’Zil, betraffe Kanner a Jugendlecher an hirem Wuesstem an hirer Entwécklung ze ënnerstëtzen, hir Elteren ze begleeden an déi Professionell an der Educatioun ze beroden an ze ënnerstëtzen.
