FAQ

FAQ fir Elteren

1Wat ass Héichbegabung?
E Kand oder e Jugendleche gëtt als héichbegaabt bezeechent, wann et kognitiv Fäegkeeten huet, déi däitlech iwwer dem Duerchschnëtt leien. Dat gëtt dacks iwwer en Intelligenzquotient (IQ) vun 130 oder méi bewäert.
2Wat ass d’Roll vum CEJHP zu Lëtzebuerg?
De Kompetenzzenter fir héichbegaabte Kanner a Jugendlecher (CEJHP) huet d’Zil, héichbegaabte Schüler mat spezifesche Besoinen op schouleschem, sozio-emotionalem oder verhalensbezunnem Niveau z’ënnerstëtzen. Et bitt spezialiséiert Diagnostiken, Berodung fir Elteren a Fachleit, spezifesch Léieratelieren, Rééducatiouns- a Therapie-Sessiounen, souwéi ambulant spezialiséiert Interventiounen an de Schoule vun de Schüler un.
3Wéi weess ech, ob mäi Kand héichbegaabt ass?
Eng Diagnostik gëtt vu Professionellen, besonnesch Psychologen, mat Hëllef vu standardiséierten Tester gemaach.
4Wéi gëtt Héichbegabung am lëtzebuergesche Schoulsystem berücksichtegt?
De lëtzebuergesche Schoulsystem huet d’Zil, d’Schoul fir all Schüler zougänglech ze maachen, och fir héichbegaabte Schüler. Spezifesch Hëllefsmoossname kënnen en place gesat ginn, wéi zum Beispill: Upassung vum Enseignement an der Klass un déi spezifesch Besoine vum Kand, Upassung vun de Léier- an Evaluatiounsmodalitéiten (aménagements raisonnables), Gezielten Aktivitéiten, fir Léierschwieregkeeten ze iwwerwannen oder spezifesch Kompetenzen ze stimuléieren, assistance en classe, zousätzlech Ënnerstëtzung duerch spezialiséiert Fachleit. Méiglechkeet, Coursen an enger anerer (méi héijer) Klass ze besichen an d’Méiglechkeet, e Léierzyklus an engem Joer amplaz vun zwee Joer ze maachen. Nieft dëse Moossnamen an der Schoul kann de CEJHP, wann néideg, spezifesch Léieratelieren oder pädagogesch, psychologesch an/oder psychomotoresch Suivien ubidden. De CEJHP kann och ambulant spezialiséiert Interventiounen an der Klass vum Schüler ubidden, a Kooperatioun mat der pädagogescher Ekipp vun der Schoul.
5Wien kann ech kontaktéieren, wann ech mengen, datt mäin héichbegaabt Kand net genuch ënnerstëtzt gëtt?
Déi éischt Kontaktpersounen sinn: den Titulaire oder de Régent, d'ESEB, d'Inklusiounskommissioun oder de CEJHP direkt.
6Mäin héichbegaabt Kand huet Schwieregkeeten an der Schoul – ass dat normal?
Jo. E puer héichbegaabte Kanner kënnen trotz hire Fäegkeete Schwieregkeeten hunn. Dëst kann u Langweil, Manktem u Motivatioun, weideren Troublen (z. B. ADHD, Dyslexie) oder sozio-emotionale Schwieregkeete leien.
7Gëtt et spezifesch Hëllef fir héichbegaabte Kanner?
Jo. Nieft de Moossnamen an de Schoule kann de CEJHP follgendes ubidden: Spezialiséierten Diagnostik fir d’Besoine genee ze identifizéieren, Berodung a Guidancen fir Schüler, Elteren a Professioneller, Spezifesch Léieratelieren fir gezielt op d’Besoinen anzegoen, Rééducatioun an Therapie, déi un déi identifizéiert Besoinen ugepasst ass an eng ambulant spezialiséiert Interventioun (ISA) a Kooperatioun mam Schoulpersonal.
8Intervenéiert de CEJHP nëmme bei diagnostizéiert héichbegaabte Kanner?
Haaptsächlech jo, mee e kann och Elteren a Professioneller beroden, wann eng Héichbegabung vermutt gëtt oder wann änlech spezifesch Besoine bestinn.
9Wéi kann ech d’Hëllef vum CEJHP ufroen?
Dir kënnt Iech un den Titulaire oder Régent, un d’ESEB-Ekippen oder un d’Inklusiounskommissiounen (CI) vum Lycée oder der Regionaldirektioun wenden. Erwuessene Schüler an Eltere kënne sech och direkt bei eis mellen, fir en entretien de clarification a – bei géigesäitegem Accord – eng spezialiséiert Diagnostik.

FAQ fir Professioneller

1Wéi kann ech en héichbegabte Schüler an menger Klass erkennen?
En héichbegaabte Schüler kann net eleng duerch Observatioun identifizéiert ginn; nëmmen eng spezialiséiert Diagnostik kann Héichbegabung confirméieren. Bestëmmte Charakteristike kënnen awer opfalen, wéi zum Beispill e séiert Verständnis, e staarke Besoin un intellektueller Stimulatioun, eng grouss Memoire an e räichen a präzise Wuertschatz. Heefeg weisen dës Schüler och eng grouss Virwëtzegkeet op a stelle vill déifgräifend Froen. Si kënnen sech an der Klass langweilen oder Schwieregkeeten hunn, Consignen ze respektéieren, déi si als wéineg stimuléierend empfannen; dacks hunn si e grousse Besoin u Autonomie oder eng Preferenz fir komplex a méi oppen Aufgaben. Et ass wichteg ze betounen, datt dës Zeechen och bei anere Profiller optriede kënnen, zum Beispill bei Opmierksamkeetsstéierungen oder Angschtstéierungen. E puer héichbegaabte Schüler verstoppen hiert Potenzial aus Angscht, sech vun aneren z’ënnerscheeden, oder aus Manktem u Selbstvertrauen. Am Zweifel ass et besser d'équipe pédagogique, d’Inklusiounskommissioun (CI) an d’Elteren ze kontaktéieren an iwwer d’CNI d’Begleedung vum CEJHP unzefroen.
2Wéi eng Mesuren kann ech ëmsetzen, fir en héichbegaabte Schüler ze ënnerstëtzen?
Je no Ressourcë vum Inklusiounssystem si follgend Adaptatioune méiglech: Differenzéierung op méi komplex oder oppen Aktivitéiten, zousätzlech Contenuen oder Verdéiwung vu bestëmmten Themen, Léieren an anere Klassen, Klassen iwwersprangen oder de Cycle an engem Joer maachen.
3Brauch Héichbegabung e spezifesche Betreiungsplang?
Heiansdo jo. Wann d'Adaptatiounen net duerginn, soll: en individuelle Betreiungsplang (PPCI) zesumme mat der CI, den Elteren an eventuell dem CEJHP ausgeschafft ginn.
4Kann ech Ënnerstëtzung kréien, fir de Schüler ze begleeden?
Jo, iwwer d'ESEB-Ekipp, d'CI oder de CEJHP.
5Brauch een eng offiziell Diagnostik, fir d’Hëllefe vum CEJHP ze kréien?
Am Ufank net onbedéngt. Bei Verdacht op Héichbegabung kann de CEJHP e Coaching fir d'équipe pédagogique ubidden. Eng spezialiséiert Diagnostik erméiglecht awer eng präzis Adaptatioun vun de Mesuren.
6Wat maachen, wann en héichbegaabte Schüler Schwieregkeeten huet?
Héichbegabung schützt net géint Léier- oder emotional Schwieregkeeten. En héichbegabte Schüler kann zum Beispill Langweil an der Klass weisen, Verhalensstéierunge weisen oder begleedend Troublen wéi ADHS, Dyslexie oder aner spezifesch Léierschwieregkeeten hunn. An esou engem Fall soll eng multidisziplinär Betreiung iwwer d’Inklusiounskommissioun (CI) envisagéiert ginn, eventuell a Kooperatioun mam CEJHP an anere Kompetenzzentren.
7Gëtt et Formatioune fir Enseignanten iwwer d'Thema Héichbegabung?
De CEJHP bitt zesumme mam IFEN Formatiounen fir Professioneller un, déi am IFEN-Katalog ze fanne sinn. Donieft ginn och Peer-Gruppen a Coaching ugebueden, souwéi Formatioune op Ufro fir e Lycée oder enger Regioun. Zousätzlech steet e Dokumentatiounszenter zur Verfügung. Dës Formatioune droen dozou bäi, de Profil vun héichbegaabte Schüler besser ze verstoen an d'pädagogesch Mesuren an der Klass unzepassen.