
Eis Servicer

Fir Kanner a Jugendlecher
De CEJHP bitt, jee no individuelle Besoinen, verschidde Moossnamen un, wéi zum Beispill:
- Spezialiséiert Diagnostik, fir d’Stäerkten an déi spezifesch Besoine vun de Kanner a Jugendlechen z’identifizéieren an d’Prioritéite vun eiser spezialiséierter Interventioun ze bestëmmen
- Ausaarbechtung vun engem individualiséierten edukative Plang
- Upassung vun de pädagogeschen a didaktesche Praktiken an der Klass
- Spezifesch Léieratelieren
- Zesummeschaffe mat Peers
- Individuelle Suivi duerch den Enseignant-ressource
- Individuell oder Gruppebetreiung, wann néideg, duerch de Psycholog, de Pädagoog oder de Psychomotoriker

Fir d'Elteren
Mir bidden un :
- Informatioun a Sensibiliséierung
- Berodung a Guidancen
- Plattform fir Austausch

Fir Professioneller
Mir bidden un :
- Informatioun a Sensibiliséierung
- Rotschléi a Recommandatiounen
- Begleedung a Coaching
- Formatiounen
- Plattform fir Austausch
Eis Formatiounen :
Schüler mit einer Hochbegabung: Differenzierung praxisnah gestalte (Code B2-g-105 ) - LU
Eis 4 Unitéiten

Unité Enseignement
Fir verschidde Schüler kann eng ambulant spezialiséiert Interventioun (ISA) nëtzlech sinn: et geet ëm eng individuell Betreiung an der Klass vum Schüler duerch ee vun eisen Enseignanten op reegelméisseger Basis (e puer Mol am Mount).
D’Zil vun där ISA ass et, pädagogesch Adaptatiounen zesumme mam pädagogeschen Team vun der Schoul ëmzesetzen a de Schüler no senge Besoinen z’ënnerstëtzen.
Och spezifesch Léieratelieren, déi op d’Besoine vun héichbegaabten Schüler ausgeriicht sinn, kënnen ubidde ginn.
Unité Rééducation
D’unité de rééducation bitt Psychmotorik-Séancen un.


Unité Diagnostic et Conseil
D’Pädagogen a Psychologe maachen eng spezialiséiert Diagnostik, fir d’Besoine vun de Kanner z’identifizéieren. Si beroden d’Elteren an déi Professionell a bidde pädagogesch oder psychologesch Suivien un.
Unité administrative
D’Direktioun an de Sekretariat këmmeren sech ëm d’Gestioun vum CEJHP.

