Enseignement fondamental

An der Grondschoul kënnen d’Kanner vu verschiddene Hëllefsmoossname profitéieren, wann si spezifesch Besoinen hunn. Dës Moossname ginn un hir individuell Besoinen ugepasst a maachen et hinne méiglech, um reguläre Cours zesumme mat hire Klassekomeroden deelzehuelen.

Verschidde Mesurë kënnen en place gesat ginn, fir de spezifesche Besoine vun engem héichbegaabte Schüler gerecht ze ginn:

  • Den Enseignant (titulaire de classe) kann den Enseignement an der Klass, a Kooperatioun mat der Ă©quipe pĂ©dagogique an der Schoul upassen (z. B. Beschleunegung, Erweiderung vum LĂ©ierstoff …).

  • De SchĂĽler kann temporär fir verschidde Fächer de Cours an enger anerer Klass wĂ©i senger Referenzklass besichen.

  • All Cycle, deen normalerweis op zwee Joer verdeelt ass, kann op ee Joer verkierzt ginn.

  • Et kĂ«nnen Amenagementer (amĂ©nagements raisonnables) en place gesat ginn. Si sollen d’LĂ©ier- an d'EvaluatiounsmodalitĂ©iten un d’Besoine vum SchĂĽler upassen.

  • Eng assistance en classe kann an der Schoul wärend de Schoulzäiten organisĂ©iert ginn, a Kooperatioun mam titulaire de classe an der gesamter Ă©quipe pĂ©dagogique.

Nieft dëse Moossnamen, déi an der Schoul ëmgesat ginn, kann de CEJHP, wann néideg, spezifesch Léieratelieren oder pädagogesch, psychologesch an/oder psychomotoresch Betreiungen ubidden.

De CEJHP kann och ambulant spezialiséiert Interventiounen an der Klass vum Schüler / vun der Schülerin ubidden, a gläichzäiteg mat dem pädagogeschen Team vun der Schoul zesummeschaffen.

Dir kënnt Iech melle:

Dir fannt weider Informatiounen zum Thema Inklusioun souwéi Erklärungen dozou wéi Dir eng Demande bei der zoustänneger Inklusiounskommissioun iwwer myeduguichet.lu areecht, ënner …

 

Que vous soyez enfants
parents ou professionnels de l'éducation, le CEJHP peut vous aider