Enseignement secondaire

Wann e Schüler am Lycée spezifesch Besoinen huet, kënne verschidden Hëllefsmoossnamen ugebuede ginn. Dës Moossname ginn un d’individuell Besoinen an un d’Léierschwieregkeeten ugepasst.

Dës Mesurë kënnen am Lycée ugebuede ginn, fir de spezifesche Besoine vun engem héichbegaabte Schüler gerecht ze ginn:

  • Raisonnabel Amenagementer (aménagements raisonnables) hunn d’Zil, d’Léier- an d'Evaluatiounsmodalitéiten un d’Besoine vum Schüler unzepassen.
  • D’Ënnerstëtzung duerch d’ESEB (Équipe de soutien des élèves à besoins spécifiques) vum Lycée, fir de Schüler individuell no senge Besoinen ze begleeden.
  • Psychologesch Ënnerstëtzung an Ënnerstëtzung op perséinlechem, relationellem a sozialem Niveau, fir Schüler ze begleeden, déi sech an enger schwiereger oder kritescher Situatioun befannen.

Nieft dëse Moossnamen, déi an der Schoul ëmgesat ginn, kann de CEJHP, wann néideg, spezifesch Léieratelieren oder pädagogesch, psychologesch an/oder psychomotoresch Suivien ubidden.

De CEJHP kann och ambulant, spezialiséiert Interventiounen an der Klass vum Schüler ubidden, a gläichzäiteg mat der pädagogescher Ekipp vum Lycée zesummeschaffen.

Dir kënnt Iech mellen:

 

Que vous soyez enfants
parents ou professionnels de l'éducation, le CEJHP peut vous aider