Vill am Kapp .. de neie Podcast vum CEJHP iwwer Héichbegabung

« Vill am Kapp » ass de Podcast fir all déi, déi sech fir d’Thema Héichbegabung interesséieren – egal ob Elteren, Professioneller oder Mënschen, déi de Kapp voller Froen hunn. Mir ginn en Abléck an d’Aarbecht vum Zentrum, deelen Erfarungen aus der Praxis (vun Elteren, Kanner a Jugendlechen) a schwätze mat Experten iwwer Chancen, Erausfuerderungen a Virurteeler ronderëm Héichbegabung. Eist Zil: informéieren, inspiréieren an Äntwerte ginn.

Egal ob Dir selwer betraff sidd, an deem Beräich schafft oder einfach virwëtzeg sidd – hei fannt Dir Äntwerten, konkret Tools fir mat héichbegaabte Kanner ze schaffen an och perséinlech Erzielungen.

 

Que vous soyez enfants
parents ou professionnel de l'éducation, le CEJHP peux vous aider